Fir seng Missioun anstänneg erfëllen ze kennen, ass et wichteg dass den ORK e wäitverbreete Bekanntheetsgrad bei de Kanner, de Jugendlechen, den Elteren an de Professionellen déi mat oder fir Kanner schaffen, huet.
Duerch de Formulaire ënnen op dëser Säit, hutt dir d’Méiglechkeet Informatiounsmaterial ze bestellen. Vergiesst net är komplett Adress, d’Bezeechnung vum gewënschte Material a falls néideg och d’Sproch an d’Unzuel vun all eenzelnem unzeginn.
De Presentatiounsflyer vum ORK (Format A6) – existéiert op Lëtzebuergesch a Franséisch
Den Daumenkino ass eng vereinfacht Versioun vun all den Artikelen aus der Kannerrechtskonventioun, déi op 3 Sproochen iwwersat sinn (LU, DE, FR). Format 5 cm/12 cm.
Plakat dat all d’Artikelen aus der Kannerrechtskonventioun an enger vereinfachter Versioun op Lëtzebuergesch presentéiert.
Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
Mënscherechtshaus
65, route d’Arlon
L-1140 Luxembourg
Notre nouveau no de téléphone : 28 37 36 35
contact[at]okaju.lu
Assistant à la direction – Ombudsman...
Conférence de midi -...