OKaJu ass Member vun dräi verschiddenen internationalen Netzwierker.

ENOC

Den Europäesche Reseau vun den Ombudspersoune fir Kanner (ENOC) ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck vun onofhängege Kannerrechts Institutiounen. Hier Suerg ass d'Fërderung an de Schutz vun den Kannerrechter ze facilitéiren sou wéi se an der UN-Konventioun fir d'Rechter vum Kand festgeluecht goufen. D'ENOC beméit sech fir d'Verbindunge mat onofhängege Kannerrechts Institutiounen, Kannerombudsmänner, Kannerkommissariater oder Kontaktpunkten fir Kannerrechter an national Mënscherechtsinstituter oder allgemeng Ombudsman Büroen  ze établéieren an Informatiounen a Strategien mat hinnen auszetauschen.

Den Enoc hält all Joer eng Joresversammlung. Den Europäesche Reseau vun den Ombudspersoune fir Kanner (ENOC) verbënnt onofhängeg Büroen, déi an europäesche Länner opgeriicht gi fir d'Grondrechter vun de Kanner ze fërderen.

D'Ziler an Prioritéite vun onofhängege Kannerinstituter kënne vu Land zu Land variéieren. Si ënnerscheede sech ofhängeg vun den verschiddene Situatiounen, an deenen d'Kanner sech fannen an d'Varietéit vun Regierungs- an Net-regierungsinstituter a Strukturen, déi d'Kanner an d'Fërderung vun de Mënscherechter beaflossen. Déi folgend Ziler sinn Resumé'en vun den existente onofhängegen Institutiounen; nët all Büroen verfollegen all dës Ziler (besonnesch, d'Büroe ënnerscheede sech ob se mat eenzelne Fäll a Reklamatioune vun de Kanner beschäftegen oder net.)

D'Ziler:

  • striewen déi komplett Ëmsetzung vun der Conventioun vun den Kannerrechter u;
  • d'Promotioun vun enger méi héijer Prioritéit fir Kanner, sief ed um zentrale, regionalen oder lokalen Autoritéisniveau oder an der Zivilgesellschaft, an d'Verbesserung vun den ëffentlechen Attitude géint d'Kanner;
  • Afloss op d'Gesetz, d'Politik an d'Praxis souwuehl duerch Äntwerten op d'Propositioune vun der Regierung an anner Platzen andeems se aktiv Ännerunge proposéiren;
  • Promotioun vun enger effektiver Regierungskoordinatioun fir Kanner op allen Niveauen;
  • d'Effektiv Notzung vu Ressourcen fir Kanner;
  • bitt e Kanal fir d'Meenung vun de Kanner an encouragéiert d'Regierung an d'Ëffentlechkeet se adequat ze respektéiren;
  • sammelen a publizéieren Detailer iwwer d'Situatioun vu Kanner an/ oder encouragéieren d'Regierung dëst ze maachen;
  • Sensibiliséierung vun de Kannerrechter bei Kanner an Erwuessener;
  • Ëmfroen a Fuerschung fërderen 
  • iwwerpréift den Zougang vun den Kanner zu alle Formen vun Verteidegung a legal Schutzsystemer, zum Beispill an Institutiounen a Schoulen, an d'Effektivitéit vun dëse Systemer, inklusiv Kanner Zougang zu Gerechtegkeet;
  • op eenzel Reklamatioune vu Kanner oder Kannervertrieder äntweren an, wa néideg, legal Moosnaamen   am Numm vun de Kanner maachen.

AOMF

Roll an Missioun:

D'Haaptaufgab vun der Association des Ombudsman et des Médiateurs de la Francophonie (AOMF) besteet doran den Ombudsman a Mediateur an der Francophonie ze ënnerstëtzen an d'Entwécklung an d'Sanéierung vun onofhängege Intermediaire Institutiounen an der franséichsproocheger Welt z'ënnerstëtzen.

D'Associatioun hëlleft franséichsproochege Länner fir nei Tëschestatiounsinstituter opzebauen. Et bitt och seng Expertise fir existent Institutiounen. D'AOMF a seng Memberen engagéiere sech fir d'Demokratie ze verteidegen, d'Rechtsstaatlechkeet an de soziale Fridde duerch d'Frankophonie, an de Respekt vun den nationalen an internationalen Mënscherechter Texter ze garantéieren, dorënner d'Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter an der Bamako Deklaratioun.

Am November 2013, um Enn vum Dakar Kongress huet d'AOMF fënnef Ziler gesaat:

  1. Ënnerstëtzt Memberinstitutiounen an hirer professionneller Entwécklung (Training an effektiven Austausch vu gudde Pratiken)
  2. Stäerkung vun den Institutiounen an hire jeeweilege Länner
  3. D'Expansioun an d'Positionéierung vun der AOMF Richtung Afrika, de Mëttleren Oste, Osteuropa an Asien
  4. D'Stäerkung vun de Kanner hirer Reaktioun
  5. D'Intensivéierung vun der interner an externer Kommunikatioun

Mat der Internationaler Organisatioun vun der Francophonie (OIF) als Haaptspender, ass d'AOMF a Kontakt mat den offiziellen Organer vun der Francophonie, besonnesch mat der Delegatioun fir Fridden, Demokratie a Mënscherechter, déi d'Aktivitéite vun der AOMF zënter hirer Grënnung ënnerstëtzt hunn. D'Aktivitéite vun der AOMF falen am Kader vun der Ëmsetzung vun de Bestëmmunge vum Kapitel V vun der Bamako Deklaratioun iwwer d'Observatioun a kontinuéierlech Evaluatioun vun der Praxis vun der Demokratie, Rechter a Fräiheeten an der Francophonie.

D'AOMF organiséiert all dräi Joer e Kongress an enker Zesummenaarbecht mat der Gaaschtinstitutioun.

Eurochild

Eurochild ass en Netzwierk vun Organistiounen an Individuen, déi an Grenzen vun Europa zesumme schaffen, fir d'Rechter an d'Wuelbefanne vu Kanner a jonke Leit z'ënnerstëtzen.

Hir Visioun besteet aus enger Gesellschaft an där Kanner a Jugendlecher glécklech, gesond, zouversiichtlech a respektéiert als Eenzelpersoun opwuessen.

D'Missioun ass et de Kanner hir Rechter a Wuelbefannen an der Politik an an der Praxis ze fërderen duerch Affekot, Memberautausch a Fuerschung.

D'Aarbecht vum Eurochild gëtt ënnerstëzt duerch d'Konventioun vun den Vereenten Natiounen fir d'Rechter vum Kand, en internationale Mënscherechts Vertrag, deen all d'Kanner a jonke Leit e verständleche Set vu Rechter gëtt.

D'Netz gëtt mam Programm fir Beschäftegung a Sozial Inovatioun (EaSI) vun der Europäeschen Unioun matfinanzéiert. E Finanzinstrument op dem EU-Niveau den ënner anerem de Kampf géint déi sozial Ausgrenzung an Aarmut ënnerstëtzt. 

Eurochild huet 184 Memberen, dorënner 136 voll Memberen, 46 Associéierten Memberen an 2 Éiermembere, an 33 europäesche Länner. 18 national Netzwierker vun de Kannerrechterorganisatiounen goufen "national Partnernetzwierker" bezeechent.

OKaJu - Kontakt

Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
Mënscherechtshaus 

65, route d’Arlon
L-1140 Luxembourg
Notre nouveau no de téléphone : 28 37 36 35
contact[at]okaju.lu

Go to top