D’Kannerrechter: Errongenschaft aus dem 20. Jorhonnert
1923: D’ONG „Save the Children“ huet eng Deklaratioun vu 5 Punkten, betreffend zu de Kannerrechter ugeholl, déi een ënnert dem Numm „Déclaration de Genève“ kennt.
1924: D’“Société des Nations“ huet des Deklaratioun och iwwerholl.
20. November 1959: D’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen huet Deklaratioun vun de Kannerrechter ugeholl. Do sinn 10 fundamental Prinzipien zum Wuelbefannen a Schutz vun de Kanner enthalen. D’Kand gëtt als Persoun ugesinn déi Rechter kann hunn.
1979: D’Joer 1979 ass als „Internationaalt Joer vum Kand“ ernannt gi vun der Generalversammlung vun de Vereenegte Staaten.
20. November 1989: D’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen hëlt d’international Konventioun fir d’Kannerrechter un.
20. Dezember 1993: Dat lëtzebuergescht Parlament genehmegt des Konventioun.
25. Mee 2000: De fakultative Protokoll zu der Konventioun fir d’Kannerrechter, deen d’Abezéie vu Kanner a bewaffnet Konflikter betrëfft, krut seng Zoustëmmung duerch d’Gesetz vum 25. Abrëll 2003.
25. Mee 2000: De fakultative Protokoll zu der Konventioun fir d’Kannerrechter, deen de Verkaf, d’Prostitutioun an d’Pornographie vu Kanner betrëfft, krut seng Zoustëmmung duerch d’Gesetz vum 16. Juli 2011.