ass een Organ wat aus 18 onofhängegen Experte besteet, déi op d’Uwendung vun der Konventioun fir d’Kannerrechter an deenen eenzelne Memberstaten oppassen. Hien passt och op d’Uwendung vun deenen dräi fakultative Protokoller zur Konventioun op, déi
De Comité hëlt allgemeng Bemierkungen zu deene spezifeschen Artikelen, Dispositiounen an Themen zur Konventioun fir de Memberstaten ze hëllefen hier Pflichte betreffend zur Konventioun fir Kannerrechter ze erfëllen a fir déi international Organisatiounen a spezialiséiert Institutiounen, déi un der progressiver an effektiver Verwierklechung vun de Kannerrechter interesséiert sinn, ze motivéieren. D’Membere vum Comité kennen zu all Moment eng generell Bemierkung zu engem Artikel, enger Dispositioun oder engem Thema maachen. De Comité decidéiert heiansdo fir eng generell Bemierkung zu engem Artikel, enger Dispositioun oder engem Thema ze entwéckelen, déi méi fréi schonn an engem vu sengen „Journée de débat général“ diskutéiert gi sinn.
Dës generell Bemierkunge ginn et op Franséisch an Englesch, verschiddener och op Däitsch.
Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
Mënscherechtshaus
65, route d’Arlon
L-1140 Luxembourg
Notre nouveau no de téléphone : 28 37 36 35
contact[at]okaju.lu
Assistant à la direction – Ombudsman...
Conférence de midi -...