De Begrëff Ombudsmann kënnt aus dem Schwedeschen a bedeit "Mediateur".
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, dee mam Gesetz vum 1.Abrëll 2020ageriichtt gouf, huet den Ombuds-Comité fir d'Kannerrechter, den duerch een Gesetz vum 25. Juli 2002 gegrënnt gouf, ersaat. Den OKaJu mécht seng Aufgaben neutral an onofhängeg.
Hien soll oppassen datt d’ „Convention Internationale des Droits de l’Enfant“, déi den 20.11.1989 zu New York ënnerschriwwen an den 20.12.1993 vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf, ugewannt gëtt.
Wee kann den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kontaktéiren ?
All Kand an all Jugendlechen ënner 18 Joer, deenen hir Rechter net respektéiert goufen. Si kënnen sech fräi äusseren an hir Meenung soen. Dëst ka per Bréif, Email oder Telefon gemaach ginn.
D’Elteren oder déi Responsabel vun engem Mannerjäregen, deem seng Rechter verletzt goufen.
Associatiounen an Institutiounen, déi sech ëm Kanner këmmeren an eng Verletzung vun de Kannerrechter melle wëllen.
Den OKaJu kann sech selwer aschalten, wann d’Kannerrechtskonventioun net richteg ugewannt gouf.
Wéi kann een den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kontaktéieren ?
Et kann ee sech direkt un den Ombudsman wenden. Hee schafft op Rendez-vous.
De Service vum OKaJu ass fir näischt. De Ombudsman ass un d’Schweigepflicht gebonnen: keng Informatioun déi him uvertraut gëtt, gëtt nët un eng drëtt Persoun ouni Erlaabnis weider geleet, ausser d'Kand befënd sech a Gefor.
Den Ombudsman kann an Noutfäll selwer agräifen. Hien kann dofir Kontakt mat aneren Organisatiounen ophuelen an an eeschte Fäll sech un d’Geriicht wenden.